11 Eng Zesummefaassung op Lëtzebuergesch
1409A menger Dokteraarbecht hunn ech mech mat de verschiddenen Aspekter vun der lëtzebuergescher Syntax auserneegesat. Et ass mir dorëm gaangen, bestëmmte Wuertkategorien ze definéieren an ze kucken, wéi se sech am Saz manifestéieren. D’Grondlag vu mengen Analysen ass eng lëtzebuergesch Textsammlung mat ongeféier 62 Millioune Wuertformen, déi ech systematesch no bestëmmte Phänomener ausgewäert hunn.180 Zu dësem Korpus gehéieren ënnert anerem d’Noriichten an d’Commentairë vun rtl.lu, Chatgespréicher (aus den 2000er Joren) oder och mëndlech realiséiert Texter (déi als Transkript virleien). Meng Approche ass deemno deskriptiv, d.h. ech hu gekuckt, wéi d’Lëtzebuergescht benotzt gëtt, an hunn da meng Conclusiounen dorauser gezunn.
1410Ech wëll meng Haaptanalysen an déi domat verbonne Resultater mathëllef vun aacht geziilte Froen duerstellen:
1411a. Gëtt et nach e Genitiv am Lëtzebuergeschen?
1412De Genitiv spillt am Lëtzebuergeschen als aktive Kasus keng grouss Roll méi. Anescht wéi am Däitsche ginn et zum Beispill keng Präpositiounen, déi e Genitiv verlaangen (Ausnam: wéinst + Pronom am Genitiv, wéinst menger). Et existéieren awer och nach eng Rei fest Tournurë mat Genitiv: enges Daags, Enn des Mounts oder bei blannemännerchers. Wou mer nach Genitiver hunn, ass bei verschiddene Verben an Adjektiver wéi bei des Doping(s) iwwerfouert oder kenges Sportlers wierdeg. An dëse Fäll fënnt een awer och Dativer: kengem Sportler wierdeg.
1413Intressant sinn an dësem Kontext och Familljennimm am Genitiv, déi virun de Virnumm gestallt ginn: den Thills Marc (Numm: Marc Thill, den {s} markéiert de Genitiv). Dës Forme ginn awer hautdesdaags (nees eng Tournure mat Genitiv) grad vun deene méi jonke Generatiounen ëmmer manner gebraucht a sinn oft just nach passiv bekannt.
1414Eng wichteg Beobachtung ass allerdéngs, dass eenzel Spriecher ufänken, nees méi Genitiver ze benotzen. Dës Tendenz weist sech engersäits um Site wikipedia.lu, wou verschidden Auteuren déi däitsch Genitiver aus der Virlag am Lëtzebuergeschen iwwerhuelen, an anerersäits och an de Commentairë vum Site rtl.lu, wou munch Leit Genitiver benotzen, fir villäicht méi gebilt ze wierken. Dëse leschte Punkt entsprécht e bëssen der Iddi vun engem Prestige-Genitiv, wéi en och am Standarddäitschen ze beobachten ass. Och wann et sech hei ëm verschidden Eenzelfäll handelt, weist dat awer, dass et am System eng Entwécklung gëtt, déi méiglecherweis mat der Expansioun vun der lëtzebuergescher Sprooch am Schrëftlechen zesummenhänkt.
1415b. Wéi gi Possessioun an aner Relatiounen ausgedréckt (dem Max säin Auto vs. den Auto vum Max)?
1416Den Term Possessioun bedeit a senger wäiter Definitioun eng Relatioun tëscht zwou Entitéiten: Besëtz, Deel-vun-Bezéiung, Verwandtschaft, asw. Am Lëtzebuergesche kenne mer zwou Méiglechkeeten, dëst adnominal auszedrécken: mam possessiven Dativ (dem Max säin Auto) oder mat engem Präpositionalattribut (den Auto vum Max). Wéini wéi eng Konstruktioun benotzt gëtt, hänkt dobäi vun dräi Facteuren of: (a) Ass de Possessor (am Beispill Max) belieft oder onbelieft? Dem Max säin Auto ass dofir als Konstruktioun éischter ze fannen ewéi der Fënster hiert Glas. Dass dat lescht Beispill mat der Fënster net klappt, ass och en Effekt vum zweete Facteur: (b) Wéi eng Aart vu Relatioun läit vir (Besëtz, Deel-vun-Relatioun, asw.)? De Max ass zwar de Besëtzer vum Auto, mee d’Fënster ass net „de Besëtzer“ vum Glas. Hei läit also éischter eng Deel-vun-Relatioun vir resp. eng Eegeschaftsrelatioun. An dësem Fall géif et éischter heeschen d’Glas vun der Fënster. Als leschte Facteur bleift dann nach déi méi strukturell Fro: (c) Wéi laang ass d’Nominalphras vum Possessor? Ass de Possessor (Max) méi laang ewéi just den Numm oder méi laang wéi [Artikel + Substantiv], gëtt meeschtens eng vun-Konstruktioun geholl. Dofir eng Konstruktioun wéi den Auto vum Max, deem ech ni méi eppes léinen méi plausibel wéi dem Max, deem ech ni méi eppes léinen, säin Auto. Beim possessiven Dativ dierfen déi Elementer, déi fir d’Relatiounskonzept wichteg sinn, also strukturell net ze vill komplex sinn.
1417c. Wat ass eigentlech de Partitiv?
1418Als Partitivpronom gëllen d’Formen däers/es an där/der. An engem Saz wéi Hu mer däers/es nach? kann dëse Pronom op onzielbar Substantiver am Maskulinum an am Neutrum referéiere wéi Salz oder Téi. Am Saz Hu mer där/der nach? steet den där resp. der fir en onzielbart Substantiv am Feminin wéi Mëllech oder fir e Pluriel wéi Kamellen. Béid Pronome kennen eng staark an eng schwaach Form. Déi staark Formen däers an där ginn am Lëtzebuergeschen och als Partitivartikel benotzt: däers Téi muss de kee méi kafen oder mir hunn nach där Kamellen doheem. An dësem Fall gëtt keng Referenz zu engem Substantiv hiergestallt, mee d’Substantiv, wat hannert dem Partitivartikel steet, gëtt méi genee definéiert: net iergendeen Téi, mee e speziellen Téi, net Kamelle generell, mee eng bestëmmten Zort Kamellen. Dës Partitiver gi besonnesch heefeg mat Zuelen oder anere quantifikativen Ausdréck benotzt (nach, genuch, e puer, e Sak, e Glas).
1419Historesch sinn dës Partitiver aus engem Demonstrativum resp. aus engem Personalpronomen am Genitiv entstanen. Am Lëtzebuergeschen hu sech Partitiver awer als eegestännege System etabléiert a si just nach aus historescher Perspektiv mam Genitiv ze vergläichen.
1420d. Wéisou hu mer am Lëtzebuergeschen oft zwee Pronome wéi bei du/de?
1421Déi meescht Pronomen am Lëtzebuergesche kennen eng staark an eng schwaach Form: du/de, hien/en, mir/mer asw. Intressant ass awer, dass et net egal ass, wéi eng Form geholl gëtt. De Choix gëtt haaptsächlech vun der Semantik (wourop de Pronom verweist) a vun der Syntax gesteiert (wou steet de Pronom am Saz). Bei de Pronome vun der 3. Persoun (hatt/et, hien/en, si/se) kann hatt beispillsweis just fir Persounen oder Déiere mat engem weibleche Virnumm benotzt ginn. Déi genee pronominal Referenz fir weiblech Persounen, d.h. ob hatt oder si gesot gëtt, ass hei eng weider (pragmatesch) Domän, déi an dësem Kontext gekuckt muss ginn. Insgesamt hänkt de Choix ënnert anerem dovunner of, wéi gutt ee sech kennt, wéi den Altersënnerscheed ass an a wéi engem Kontext iwwert d’Persoun geschwat gëtt. Bei der staarker Form hien ass et och esou, dass et bestëmmte semantesch Restriktioune ginn: Hien ka just geholl ginn, wann de Referent (dat Element, op dat sech bezu gëtt) lieweg oder duerch en Numm méi no bezeechent ass (Bsp. Nobel-Präis). Déi schwaach Formen (et/en/se) an awer och déi staark Femininum-Form si kënne fir all Zort vu Referent benotzt ginn, d.h. hei ass et egal, ob dësen eng Persoun ass oder net.
1422Déi schwaach Pronomen hunn allerdéngs syntaktesch Aschränkungen, d.h. se dierfen net iwwerall am Saz stoen. Dës Eegeschaft bezitt sech net just op déi Pronome vun der 3. Persoun, mee op all Form aus dem Paradigma. Just déi staark Pronomen dierfe beispillweis isoléiert oder koordinéiert ginn: Wien? Si? (an net Se?) oder hien an hatt (an net en an et). Et ginn eng Rei schwaach Pronomen, déi just hannert engem Verb oder enger Präpositioun stoe kënnen (dëse Gebrauch nennt sech klitesch). Als Beispill wieren hei den de oder den em ze nennen: kënns de mat (awer net de kënns mat), et ass em egal (awer net em ass et egal).
1423e. Wéi eng Offolleg hu Pronomen am Saz?
1424Pronome kënnen an engem Saz hannertenee virkommen: dunn huet hie mer se ginn. Hei ass déi generell Fro, a wéi enger Offolleg dës Pronome stinn, d.h. wéi ee Kasus als éischt genannt gëtt. Am Lëtzebuergesche manifestéiert sech eng staark Tendenz zur Offolleg Nominativ > Dativ > Akkusativ. De Sujet muss an dëse Fäll ëmmer als éischt genannt ginn. Akkusativ virun Dativ ass och méiglech, gëtt awer just ganz selte benotzt. Opfälleg ass, dass dëst bei den däitsche Pronomen anescht ass, d.h. hei stinn Akkusativ an Dativ genee ëmgedréint (dann hat er es mir gegeben, Nom>Akk>Dat) – dat gëllt awer just bei de Pronomen an net bei nominale Sazdeeler (dann hat er mir das Buch gegeben, Nom>Dat>Akk).
1425f. Wéi ass d’Reiefolleg vu Verben am Niewesaz?
1426E Verb kann am Saz aus méi Deeler bestoen (huet gesinn, wollt gesot kréien, misst kommen, asw.). Am Haaptsaz gëtt ëmmer déi conjugéiert Verbform am Ufank genannt an dono déi Verbdeeler, déi vun hir ofhänken: hien huet dat gesinn. Am Niewesaz kann dës Reiefolleg änneren. Hei muss awer genee gekuckt ginn, wéi eng Verbkategorien zesumme benotzt ginn. Bei den Hëllefsverben hunn, kréien, sinn a bei Vollverben, déi en Infinitiv verlaangen (loossen, goen) muss dat conjugéiert Verb ëmmer hanne stoen: dass en dat gesinn huet, dass si gehollef kruten, dass ee froe geet. Anescht ass et bei deenen anere Verben: Modalverben (mussen, däerfen, sollen, asw.) an Hëllefsverbe fir de Konjunktiv (géif, géing, wäert) loosse béid Stellungen zou (conjugéiert Verb vir oder hannen): dass e froe géif // dass e géif froen. Bei dësem Verbtyp weist sech awer eng staark Tendenz, dat conjugéiert Verb no vir ze stellen. An dësem Fall kënnen och aner Deeler aus dem Saz tëscht d’Verbe réckelen: dass ech misst mat him kucken.
1427Bei Verbe mat dräi oder véier Deeler hänkt d’Stellung och vun de Verbtyppen of, déi matenee kombinéiert ginn. Awer och hei gëllt, dass grad d’Modalverben an d’Hëllefsverbe fir de Konjunktiv méi variabel an der Positioun sinn.
1428g. Wéisou heescht et „datt s de do bass“? Wat ass deen <s> hannert dem datt?
1429Wann de Sujet am Niewesaz du/de ass, da muss tëscht Niewesazaleedung a Pronom en s gesat ginn: datt s de kënns. Dësen <s> ass un déi Plaz am Saz gebonnen, d.h. egal wéi laang d’Niewesazaleedung ass, den <s> muss gesat ginn: a wéi eng Richtung s de fiers. Och a kuerzen elliptesche Sätz ass den <s> obligatoresch: méi kleng wéi s du. Aus historescher Perspektiv ass den <s> eng Reanalys vun enger Sequenz vu Pronom a Verb: Aus Kombinatioune wéi kënns de si Kombinatioune vum Genre wann s de entstanen (d’Grenz ass an dëse Beispiller graphesch duerch en Espace markéiert, wat am Geschwaten natierlech net de Fall ass). Déi sdu/sde-Form huet sech dunn esou fest etabléiert, dass se mëttlerweil obligatoresch ass: wéi s de gesäis (eng Form ouni <s> wier ongrammatesch).
1430Fakultativ ass allerdéngs den <en> bei datt e mer kommen oder datt en si kommen. Den <en> ass hei manner strict wéi den <s> a kann och just u kuerz Niewesazaleedungen drugehaange ginn.
1431h. Firwat setzt een a munchen Niewesätz dass/datt hannert d’Aleedung (si weess, wouvunner dass ech schwätzen)?
1432Niewesätz kënnen am Lëtzebuergeschen eng duebel Aleedung kréien, d.h. dass eng normal Niewesazaleedung duerch datt oder dass erweidert ka ginn: wéini dass e kënnt. An den Donnéeën ass däitlech ze erkennen, dass déi Erweiderung bei all interrogativem Element méiglech ass, dat e Saz aleet, onofhängeg vun der Längt: ënner wat fir Conditiounen dass dat méiglech ass. D’Funktioun vum dass/datt ass an dësem Kontext net ganz kloer. En éischt Resultat ass awer, dass e virun allem dann optrëtt, wann de Sujet am Saz eng prominent Roll huet (wat sech duerch e staarke Pronom oder en Demonstrativpronom manifestéiere kann).
1433Dës Resultater sinn am Laf vu véier Joer Dokteraarbecht (2013-2017) entstanen a sollen dozou bäidroen, d’lëtzebuergesch Sproochstruktur besser ze verstoen an se och no bausse siichtbar ze maachen, beispillsweis an der Fuerschung am Ausland. Dës Analyse sinn allerdéngs keng ofgeschlosse Grammaire, mee se weisen éischt Tendenzen op an bilde Kategorien eraus, déi an Zukunft nach méi déif erfuerscht kënne ginn.
Fußnoten
1409Dës Auswäertunge si bei verschidde Froestellunge méi oder manner gutt gaangen, wat awer och dorunner läit, dass déi Texter orthographesch net standardiséiert an ouni grammatesch Informatioune kodéiert sinn.