Dem Batty Weber säin Abreißkalender (1913-1940)
Theemen a Musteren

Déi ca. 7000 Texter vum Batty Weber senger Abreißkalender-Feuilletonsserie (1913-1940) setze sech mat diverse Facettë vun der kënschtlerescher, sozialer, ekonomescher, politescher an intellektueller Realitéit zu Lëtzebuerg (an doriwwer eraus) auserneen. Si stiechen an der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturgeschicht eraus duerch dem Auteur säin Humor, säi breeden Theemespektrum a seng Ambitioun, de Lieser.innen an enger poetiséierter Form en dauerhaften Interessi un der Lëtzebuerger Kultur a Geschicht nozebréngen.
An dësem Sammelband ënnersiche Fuerscher.innen aus verschiddene wëssenschaftlechen Disziplinnen déi sproochlech, theematesch an argumentativ Musteren vun de Feuilletonen an hirer Kontextgebonnenheet. Ausgoend vu wëssenschaftlechen Approchen aus de Beräicher Sproochgeschicht, Sozio- a Computerlinguistik, Literatursoziologie a -wëssenschaft, Reliouns-, Stad-, Technologie-, Medezin- esouwéi Ëmweltgeschicht, bidden d’Contributeur.tricë wäertvoll an innovativ Erkenntnisser zur Komplexitéit vun der Lëtzebuerger Kulturproduktioun, Geschicht a Politik, ewéi och den institutionellen an urbane Konditiounen an der éischter Hallschent vum 20. Joerhonnert.

Raymon Mehlen, ‚Batty Weber‘ (ca. 1935) © All Rechter virbehal
Metadata
- restrictionsYou must give appropriate credit , provide a link to the license, and indicate if changes were made. If you remix, transform, or build upon the material, you must distribute your contributions under the same license as the original. The images and resources contained in this work are subject to the same license unless licensed otherwise or taken from another source.
- isbn978-2-919815-61-6
- issn2716-7518
- publisherMelusina Press
- publisher placeEsch-sur-Alzette
- rights
- rights holderThe Authors
- rights territoryLuxembourg
- series number6
- series titleCurrent trends in Luxembourg studies
- version1
- doi
We use cookies to analyze our traffic. Please decide if you are willing to accept cookies from our website. You can change this setting anytime in Privacy Settings.


